ZWEET VICTOIRE NOENEEN


30 April 2023

Mär gewanne verdéngt um Sonndegmëtteg virun iwwer 700 Léit mat 2-0 beim FC Déifferdeng well mer déi besser Goalchancen haten. Bei deenen zwou Equippe waren aus ënnerschiddleche Grënn e ganze Koup Stammspiller net derbäi. No zwou séiere Chancen duerch Deidda (Potto) a Seck huet de Seck no 25 Minutten den 1-0 fir eis Foarwe geschoss. No der Paus hu Larrière a Boury nach Aluminium getraff, ier de Klica no 63 Minutte mam 2-0 fir d'Virentscheedung gesuergt huet. 

Respekt fir déi Leeschtung. Mär haten och den Allermatch scho gewonnen, mat 1-0.

Mär hu gespillt mat Sommer, Mendes (90.+4 Youbi), Meireles, Todorovic, Boury, Besch, Larrière, Deidda, Mogni (85. Deruffe), Klica (90. Bernard), Seck.

Op der Bänk soutzen nach Silvestre, Bernard, Youbi, Moreira an Deruffe.

Giel Koarten hu bei eis de Seck an de Larrière krut.

An der Tabell bléiwe mär mat 39 Punkten op Plaz 7, punktgläich mam 6. (Déifferdeng) an 8. Mondorf.

Elo bléiwe fir eis nach 3 Heemmatcher um Programm. Den 1. ass schonn dëse Freideg um 20 Auer op der Grenz géint ebe grad d'US Mondorf. E wichtege Match!

Foto: Quotidien / Luis Mangorrinha

#allezmaer